Weiderhi méi Geld fir Elektroautoen

Context:

Etat de la Nation 2024

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50 Prozent vun de Gefierer op de Lëtzebuerger Stroossen mat Elektresch fueren;
  • An Däitschland d’Ofschafe vun der Primm fir Elektroautoe verherrend Konsequenzen hat op d’Unzuel vun nei ugemellten Elektroautoen;
  • Datt Autoe fir Familljen oft déi 16kW Grenz géifen iwwerschreiden, ouni awer Luxusautoen ze sinn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Fir d’Primm vum Klimabonus Mobilitéit weiderhin op 8000€ ze halen fir Leit, déi vun engem Verbrenner op een Elektroauto ëmklammen an dee manner wéi 18kw verbraucht.
     

Eis Motioun gouf vun CSV-DP an ADR ofgeleent.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen