ACCOUNT

D’Pirate fuerderen een Enn vun der Vorratsdatespäicherung!

D’Piraten hunn sech an der Chamber fir den Dateschutz a géint d’Masseniwwerwaachung staark gemaacht.

Mir hunn der Regierung an der Chamber opgefuerdert d’Virratsdatespäicherung zu Lëtzebuerg ofzeschafen.

Dës Motioun gouf awer vun de Regierungsparteien ofgeleent.

Mir ginn eis awer net geschloen a fuerderen an engem Bréif d’Justizkommissioun an der Chamber op, een aalen Gesetzesprojet aus den Archiven rauszehuelen an op den Dësch ze léen.

D’Grondrechter vun de Mënschen si fir eis Piraten net verhandelbar. Mir wäerte weider fir en Ënnerbannen vun der Virratsdatespäicherung kämpfen!

Hei ass eis Motioun géint d’Virratsdatespäicherung:

20190710-Vorratsdatespäicherung

An hei eise Bréif un d’Justizkommissioun:

20190711-Lettre-Piraten

Zesummenhang posts

Mam Budget 2021 gouf d’Taxe d’abonnement ugepasst. Fongen, déi elo kënne virweisen, dass se zu 50% an nohalteg Produite bestinn, bezuele just nach 0,01%
De Konzern Philips huet am Juni 2021 eng Pressematdeelung raus ginn, laut der verschidden Otemgeräter missten zréckgeruff ginn. Et geet ee vu 5,5 Milliounen
D’Regierungspartei vum Här Mobilitéitsminister huet a Social Media Posten ugekënnegt, dass d’Linnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November géife mat