Wéi vill Sue verdéngen d’Big Four mat staatlechen Opträg?

Déi gréisste Wirtschaftspréifungsgesellschafte vun der Welt, déi oft och als “Big Four” bezeechent ginn, beroden Entreprisen, maachen Auditten a bidden Servicer am Beräich vun der Fiskalitéit un. 

Och de Lëtzebuerger Staat gräift vun Zäit zu Zäit op d’Servicer vun engem vun de Big Four zeréck.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrakter ass de Lëtzebuerger Staat an de leschte 5 Joer mat engem vun de Big Four agaangen?
    Wéi verdeelt sech d’Unzuel op déi eenzel Firmen?

  2. Wéi vill Kontrakter, déi scho viru méi wéi 5 Joer ënnerschriwwe goufen, lafe mat deenen eenzelen Entreprisen aktuell nach?

  3. Wéi vill Euro ëmfaassen d’Kontrakter, déi an de leschte 5 Joer ënnerschriwwe goufen?

  4. Wéi vill Euro ëmfaassen d’Kontrakter, déi scho viru méi wéi 5 Joer ënnerschriwwe goufen, an aktuell awer nach lafen?

  5. War et a kengem Fall, an deem e Kontrakt mat engem vun de Big Four geschloss ginn ass, méiglech, den Optrag un eng kleng oder mëttelstänneg Entreprise ze ginn?

Fro n°3724

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen