Wéi vill Persoune mat Handicap goufen 2020 beim Staat agestallt?

Laut den Zuele vum Ministère de la Fonction publique, goufen am Joer 2020 bal 2000 Persounen nei agestallt. De gréissten Deel vun de Mataarbechter beim Staat befënnt sech an enger Karriär A1 (28%), A2 (21%) oder B1 (31%). An menge Froen n°3122, 3454 an 3493 wollt ech vun de Ministere wëssen, ob beim Staat d’Quot vu 5% fir Aarbechter mat engem Statut handicapé respektéiert gëtt. D’Ministeren haten erkläert, dass et schwiereg wier, fir déi genau Zuel vu Aarbechter beim Staat, CFL an de Gemenge mat engem Statut handicapé unzeginn, well sech de Statut vun engem Aarbechter während senger Karriär ännere kann.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun den 2020 néi ugestallte Persounen hunn ee Statut de travailleur handicapé?

  2. An wat fir Karriäre fannen sech dës Persounen erëm?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4270

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt