Wéi vill Leit notzen iwwerhaapt den digitale Patientendossier (DSP)?

Am Oktober 2006 gouf den Aktiounsplang eSanté vun der deemoleger Regierung ageleet. Den Dossier de Soins partagés (DSP) vun der Agence eSanté sollt deen éischten digitale Patientendossier sinn. Vill Leit notzen den DSP awer bis haut net an och bei de Professionnelle schéngt e wéineg Uklang ze fannen.

Fro n°7583:

  1. Wéi vill Weekly Active Users (Patienten) huet den DSP am leschte Joer gehat (opgelëscht no Woch)? 
  2. Wéi vill Weekly Active Users (Professioneller) huet den DSP am leschte Joer gehat (opgelëscht no Woch)? Wéi vill vun dësen Accèse goufen et vun Dokteren a Personal aus de Spideeler? Wéi vill vun Dokteren a Personal ausserhalb vun de Spideeler?

Fro n°7584:

Fir d’Zuele vum DSP a Relatioun kënnen ze setze muss een awer och wëssen, wéi vill Leit am leschte Joer een Dokter opgesicht hunn, wou Dokteren hätte kënnen Informatiounen am DSP aginn.

  1. Wéi vill Ordonnancë sinn d’lescht Joer bei der CNS agaangen (opgelëscht pro Woch)? Wéi vill waren der an enger Klinik ausgestallt ginn?
  2. Wéi vill Consultatiounen huet d’CNS d’lescht Joer rembourséiert (opgelëscht pro Woch)? Wéi vill waren der an enger Klinik ausgestallt ginn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt