Zu Lëtzebuerg gëtt et – wéi a villen aner Länner och – laanscht d’Autobunne Raststätten a Form vun Aires de repos an Aires de service. De Staat ënnerhält dës Plazen a bitt den Tankstellen oder Restauranten, déi do wëllen ee Service ubidden, Verträg un.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Verträg mat Firme fir d’Exploitatioun vun enger Aire de service lafen am Moment?
-
Mat wéi vill Einnahme pro Joer sinn dës Verträg verbonnen (opgeschlësselt op déi lescht 5 Joer)?
-
Wéi vill huet d’Konstruktioun vun den eenzelen Airen, déi no 2005 ferdesch gestallt goufen, kascht?
-
Wéi héisch waren d’Entretienskäschten an deene leschte 5 Joer (opgeschlësselt no Joer) fir d’Aires de service am Land?
QP Nummer 4462