Wéi vill bréngen d’Gemengenagenten dem Staat an de Gemengen all Joer an?

A menger parlamentaresche Fro n°614 hat ech mech bei den zoustännege Ministeren informéiert wéi vill Avertissements taxés zu Lëtzebuerg ausgestallt ginn. Aus der Äntwert goung ervir, dass d’Agents municipaux an d’Radaren dem Lëtzebuerger Staat 2019, ronn 2,7 Milliounen un Recetten abruecht hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Avertissements taxés sinn 2020 dresséiert ginn? Wéi vill dovunner si bezuelt ginn a wéi vill sinn net bezuelt ginn? 

  2. Wéi vill Avertissements taxés si vun 2013 bis 2019 nëmme vun de Gemengenagenten ausgestallt ginn (opgelëscht no Gemeng an no Joer)?

  3. Wéi héich war den Undeel vu Recetten, dee bei vun de Gemengenagenten erstallten Avertissementer, un d’Gemenge verdeelt ginn ass (opgeschlësselt no Gemeng an no Joer)?

  4. Wéi huet sech d’Gesamtzuel vu Agents municipaux an deene leschten 20 Joer (2000-2020) an de verschiddene Gemengen entwéckelt (opgelëscht no Gemeng an no Joer)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3906

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen