Wéi steet d’Regierung zur Chatkontroll?

Enn September kommen d’Ministeren aus den EU-Länner am Rot fir Justiz a Bannenzeg Sécherheet (Justice and Home Affairs Council) zesummen. Op der Agenda soll ënnert anerem e Vott iwwert déi europäesch Pläng zur Chatkontroll stoen. D’Propose fir eng “Regulatioun laying down rules to prevent and combat child sexual abuse” ass héich ëmstridden, well se d’Privatsphäre vun all Mënsch am Internet ugräift.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ee Minister wäert Lëtzebuerg Enn September am Rot vertrieden?

  2. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung aktuell an dësem Dossier a wéi wäert Lëtzebuerg Enn dës Mounts ofstëmmen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8287

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt