Wéi gëtt d’Sécherheet vum Gemengepersonal an de Gemengegebaier garantéiert?

Ee Gemengenhaus ass en ëffentlecht Gebai, dat fir all Bierger zougänglech ass. A ville Gemengegebaier ass et awer esou, dass Visiteuren, gréisstendeels onkontrolléiert a fräi duerch d’Gebai zirkuléiere kënnen. Am Verglach dozou ass a verschiddene Ministèren den Accès méi streng gereegelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng national Reegele suerge fir d’Sécherheet vum Gemengepersonal an de Gemengenhaiser?

  2. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Sécherheetskonzept fir d’Gemengepersonal an de Gemengenhaiser genuch ausgebaut ass? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6206

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt