D’Regierung huet an de leschte Jore verschidde Militärfligere fir Lëtzebuerg akaaft, dorënner een Airbus A330 MRTT (Multi-Role Tanker Transport), deen am Kader vun der NATO zesumme mat anere Länner finanzéiert, a benotzt gëtt. Mam leschte Gesetz vum 21ten August 2020 haten d’Majoritéitsparteien zougestëmmt, dass Lëtzebuerg säi Budget fir dëse Fligerprogramm däitlech erhéicht: d’Ausgaben ëmfaasse ronn 600 Milliounen Euro, déi iwwer 30 Joer lafen. Wéi d’Rapportrice vum Gesetz deemools an der Chamber sot:
“Wichteg ze soen ass, dass mer eis de facto heimadder kee Fliger kafen, mee mir hunn eis akaaft an e Pooling-and-Sharing-Programm, un deem e puer Länner deelhuelen an am Kader vun deem eeben e gemeinsame Pool vu Maschinne geréiert gëtt. […] Duerch dës Erhéijung hätt Lëtzebuerg amplaz vun den aktuellen 200 elo 1.200 Fluchstonnen zegutt, wat 12 % vum Programm entsprécht. […] Als Beispill, wat mir och an der Kommissioun genannt kritt hunn a wat eebe grad aktuell ass, ass den Asaz vun esou engem Fliger wärend der Covidkris, well dës Fligeren et eeben, wéi gesot, erlaben, Rapatriementer virzehuelen oder medezinesch Evakuatiounen ze assuréieren.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Fir wéi vill Fluchstonnen a fir wéi eng Zwecker ass den A330 MRTT zënter dem Akraafttriede vum Gesetz genotzt ginn?
-
Wéi vill Fluchstonnen si fir d’Gestioun vun der Covid-19-Pandemie genotzt ginn, a fir wéi eng Zwecker?
-
Hunn och scho Regierungsmemberen op d’Transportméiglechkeete vun engem vun eise Militärfligeren (den A330 an den A400M) zeréckgegraff? Falls jo, a wéi engem Kader?
QP Nummer 3961