Den éischte Luuchte-Radar gouf am Oktober 2020 op der Stäreplaz installéiert. An engem Gespréich mam Wort am Januar sot de Minister:
“Die Testphase läuft ja bereits, voraussichtlich im Februar soll das Gerät aber endgültig operationell sein. Die ersten Resultate vor Ort sind allerdings erschreckend. An einem Tag wurden Hunderte Verkehrsteilnehmer geblitzt. […] Es wird nicht der einzige Ampelradar bleiben.”
Den 11te Februar gouf d’Gesetz gestëmmt, also kann de Radar elo ufänken offiziel ze blëtzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi vill Fotoen huet de Luuchte-Radar bis elo an der Testphase scho geschoss?
- Wéi vill Deeg mëscht de Radar an der Testphase elo scho Fotoen?
• Wéi vill Deeg war en am Oktober aktiv?
• Wéi vill Deeg am November?
• Wéi vill Deeg am Dezember?
• Wéi vill Deeg am Januar?
3. Wou ginn dës Fotoe gespäichert? Wou stinn d’Serveren op deenen se gespäichert ginn? An wat fir Fichiere ginn se gespäichert?
4. Ginn dës Fotoen anonymiséiert ier se op engem Server gespäichert ginn? Gëtt dës Anonymiséierung also automatesch virum späichere gemaach oder nodréiglech per Hand?
5. Wéi laang gëtt eng Foto no der Opnam gespäichert? Wouvun hänkt Dauer vun der Späicherung of?
6. Wéi eng Servicer kënnen dës Fotoe consultéieren? Ëm wéi vill Persounen handelt et sech heibäi?
7. Hunn dës Persounen a Servicer sech an der Vergaangenheet an engem Log File missten androen an de Grond fir hier Notzung uginn, ier se Accès zu den Date kruten?
QP Nummer 3638