Wat däerf ee Bankkonto kaschten?

Am Kader vun den Diskussiounen iwwert Fraisen vu Bankkonten, hu mir dem Finanzminister eng Réi Froen iwwert d’Bankkonten zu Lëtzebuerg gestallt.

Zanter dem Gesetz vum 13 Juni 2017 iwwert Bankkonten huet all Verbraucher a Verbraucherin, déi sech an der europäescher Unioun ophalen (och Persounen ouni Openthaltserlabnis), d’Recht op e Bankkont, onofhängeg vun hirer Bonitéit. Dëst Gesetz transposéiert d’europäesch Direktiv 2014/92/EU.

Et ginn nëmmen e puer Grënn am Gesetz opgelëscht ënnert deenen Banken d’Opmaache vun engem Kont, deen ënnert den Kapitel 4 vum Gesetz vum 13. Juni 2017 fällt, refuséiere kënnen. An deem Fall steet de Verbraucherinnen a Verbraucher awer d’Reklamatioun bei der CSSF oppen.

E Basiskont, wéi en am Gesetz beschriwwen ass, soll et jidderengem erméiglechen um Bankesystem an domadder och un elektronesche Paiementer deelzehuelen. Fir dëst ze garantéieren sinn am Artikel 27 déi eenzel Servicer opgelëscht, déi esou e Basiskont muss hunn, genee sou wéi och am Artikel 28:

Les établissements concernés proposent aux consommateurs les services visés à l’article 27 à titre gratuit ou moyennant des frais raisonnables.
Ces frais raisonnables sont fixés en tenant au moins compte des niveaux des revenus nationaux et des frais moyens facturés par les établissements concernés au Luxembourg pour les services proposés en liaison avec un compte de paiement.

Datt ët iwwert dës Héicht vun den Tariffer Diskussioune gëtt, ergëtt sech aus enger rezenter Petitioun vun der ULC erfier. D’Fro iwwert Tariffer an d’Bewertung vum Käschtenniveau vum Basiskont ass vu Bedeitung, well all weider Banktransaktiounen mam Basiskont an e Referentiel gesat ginn, wat en objektive Verglach vu Bankservicer erméiglecht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Basiskonten existéieren bei ëffentlechen a private Banken zu Lëtzebuerg a wéi huet sech dës Zuel tëscht 2017 an haut entwéckelt (w.e.g. no Art vum Institut Etablissement Public oder Privat opgeschlësselt)?
  2. A wéi ville Fäll gouf d’Opmaache vun engem Basiskont duerch eng Bank (opgeschlësselt no Art vum Institut) vun 2017 bis haut refuséiert an a wéi ville Fäll wor de Grond fir de Refus
    1. d’Bestoe vun engem aanere Kont zu Lëtzebuerg (Art. 22)?
    2. Inexakt oder Falsch Ugawen vum Client (Art. 23 (5) 1.)?
    3. Hiweiser op eng potenziell illegal Benotzung (Art. 23 (5) 2.)?
    4. Eng penal Infraktioun wéi am Artikel 23 virgesinn?
    5. Eng Violatioun vum Gesetz vum 12. November 2004 iwwert Geldwäsch an Terrorismufinanzéierung (Art. 25)?
    6. Kengen vun den genannte Grënn?
  3. A wéi vill Fäll hu Verbraucher sech, tëscht 2017 an haut, wéinst dem Refus vun engem Basiskont, bei der CSSF beschwéiert (Art. 26)?
  4. A wéi vill Fäll gouf esou eng Prozedur mat Succès ofgeschloss, ergo a wéi vill Fäll huet de Client herno konnten e Kont opmaachen?
  5. A wéi vill Fäll goufe Basiskonten tëscht 2017 an haut vun der Bank gekënnegt?
  6. Gëtt et e Modell vun engem « Client-Type » deen applizéiert ka ginn fir e Duerchschnëttskäschtepunkt vun engem Basiskonto ze bewerten?
  7. Vergläicht d’Regierung, wéi am zweete Saz vum Artikel 28 virgesinn, d’Duerchschnëttsfrais’e vun den ënnerschiddleche betraffenen Instituter?
    1. Wa jo, wéi ass d’Verdeelung vun de Frais’en a wéi ass de Median?
    2. Wann nee, wéi wëllt d’Regierung den Artikel 28 effektiv duerchsetzen?
  8. Huet d’CSSF zanter 2017 ënnert dem Artikel 31 Aktiounen ënnerholl?
    1. Wa jo, wéi vill a wéi vill dovunner fir d’Anhale vum Artikel 28 ze bewerten?
    2. Wann nee, firwat net?
  9. Ginn et Offeren, wou d’Banken Clientsgruppe méi bëlleg méi Servicer offréieren wéi de Basiskont?
  10. Wéi héich sinn d’Käschten tëscht de Banken fir d’Benotzung vun Bankomaten zu Lëtzebuerg? Wéi vill facturéiert d’Bank A der Bank B an der Moyenne fir d’Ophiewe vun engem Client vun der Bank B op engem Automat vun der Bank A mat enger Debitkaart?

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in