Wäschbieren

Säit de Wäschbier an den 1970er Jore säi Wee op Lëtzebuerg fonnt huet, breet sech d’Populatioun vum Déier ëmmer weider aus. Wéi déi deemoleg Ministesch an der Äntwert op d’Fro 6159 richteg gesot huet, wäert de Wäschbier opgrond vu senger Liewensweis a sengem Ausbreedungs- a Fortplanzungsverhalen net méi aus Europa an domadder och net aus Lëtzebuerg verschwannen. Aus deem Grond gouf 2020 en Aktiounsplang ausgeschafft mam Zil, de Wäschbieren e Liewensraum ze bidden, mee hier Populatioun esou ze reguléieren, dass déi lokal Déieren a Planzewelt geschützt bleift. Den Aktiounspläng gesäit dräi Methode fir den Ëmgang mam Wäschbier zu Lëtzebuerg vir: éischtens d’Juegd, zweetens d’Afänke vum Déier, fir et entweder an engem Déierepark ënnerzebréngen, et ze steriliséieren oder dout ze maachen, an drëttens Mesure fir de Schutz vun deenen Aarten, déi vum Wäschbier bedrot ginn, wéi z.B. eng Rei Villercher. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Aus den Zuelen aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 6159 ass ervir gaangen, “dass d’Juegd weder d’Augmentatioun vun der Densitéit nach d’Ausbreedung no Süden [vum Wäschbier] konnt stoppen, sou dass se mat grousser Warscheinlechkeet relativ wéineg regulatoreschen Impakt op d’Populatioun huet.” Ass dës Ausso och virun den aktuellen Zuelen nach richteg? Wéi gesinn déi aktuell Juegdzuelen an dësem Kontext aus?

  2. Gouf déi am Aktiounsplang genannte Methode vum Afänken a Steriliséieren zu Lëtzebuerg schonn ugewant? Falls jo, wéi oft an a wéi enge Situatioune gëtt dës Optioun gewielt?

  3. Wéi vill Wäschbiere goufe säit 2020 pro Joer gefaangen a konnten dono an engem Déierepark liewen?

  4. Wéi vill Wäschbiere goufe säit 2020 pro Joer gefaangen a sinn entweder direkt nom Fänken oder nodeems keng Plaz an engem Déierepark konnt fonnt ginn, dout gemaach ginn?

  5. Wéi eng konkret Mesure goufen am Kader vum Aktiounsplang geholl, fir vum Wäschbier bedreeten Aarten ze schützen?

  6. Wat fir Resultater huet den annuelle Monitoring vun der Wäschbierepopulatioun an de leschte Joren erginn?

  7. Wéi eng Conclusiounen zitt de Minister aus dësen Zuele vun de vergaangene Joer fir déi weider Virgoensweis am Ëmgang mam Wäschbier zu Lëtzebuerg ze bestëmmen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 901

Zesummenhang posts

De Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei, huet e Geriichtsprozess géint de Gesondheetsministère gewonnen. D’Verwaltungsgeriicht huet entscheet, datt hien d’Recht huet, en Abléck an