e Bläistëft sëtzt uewen op enger Checklëscht.

Walziedelen net mat Bläistëfter ausfëllen

D’Gemengewale sti virun der Dier an d’Madamm Inneministesch huet schonn eng Réi Circulairen zu de Walen un d’Buergermeeschteren a Buergermeeschtesche geschéckt.
Bei de leschte Wale goufen an verschiddene Walbüroe Bläistëfter amplaz Bicken an d’Walkabinne geluecht. De Risiko bei de Walziedelen, déi per Bläistëfter ausgefëllt ginn ass, dass d’Votten herno verännert oder ewech radéiert kéinte ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Madamm Inneministesch eng Circulaire un all d’Gemenge maachen, mat der Uweisung, dass nëmmen Bicken dierfe benotzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7902

Zesummenhang posts

Ufank Abrëll waren d’Piraten zesumme mat den anere Memberen vum Aktiounscomité géint Atomkraaft beim Wirtschaftsminister Lex Delles. D’Entrevue war u sech beim Premier gefrot
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven