Walparty 2023

Ahoi !

d’Piratepartei invitéiert dech häerzlech op eis Walparty um Dag vun de Chamberswalen 2023, Sondeg, den 8ten Oktober. Et wäert em 18:00 mat den éischte Resultater lassgoen.

D’Party fënnt zu Clausen am Grizzly statt (5 Rives de Clausen, 2165 Gronn Lëtzebuerg, vis-à-vis vum Restaurant le Sud/ niewent dem Rock Box).

Fir d’Iessen an d’Gedrénks kënnen ze finanzéieren, hu mir eng Flatrate opgestallt (30€ pro Erwuessenen, Kanner bis zu 11 Joer gratis), mat där jiddereen sou vill ze drénken a Fingerfood ze iesse kritt wéi e wëll. (exkl. staarken Alkohol)

Iwwerweist fir d’Umeldung w.e.g. bis spéitstens den 22ten September de Montant vun der Flatrate op folgende Konto:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl (BCEELULL) 
LU67 0019 3255 6480 6000 
Kommunikatioun: “Walparty 23 Flatrate + Unzuel vun Erwuessenen & Kanner”

Dir kënnt d’Flatrate och bequeem mat der Kaart iwwert de folgende Link bezuelen: https://buy.stripe.com/3cs28lbaNdk0gqk6oL

oder hei scannen:

Däi Partner, deng Famill a deng Frënn sinn natierlech all wëllkomm!

Fir all weider Froen si mir selbstverständlech fir dech do: een Uruff um 20 33 37 oder per Mail op ahoi@piraten.lu .

Mir freeën eis op dech!

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt