Obwuel vill Membere vum Léierpersonal sech engagéieren, fir an de Schoulen am Alldag en Ëmfeld ze schafen, dat och intersex an trans Persoune gerecht gëtt, dominéiert grad um administrativen Niveau ëmmer nach eng rigid binär Geschlechterkategoriséierung. An engem oppene Bréif un de Bildungsminister huet Intersex & Transgender Luxemburg a.s.b.l. an dësem Kontext op d’Problematik higewisen, dass et aktuell am Fichier élève an op alle Schouldokumenter, déi mat den Informatiounen aus dësem Fichier erstallt ginn, net méiglech ass, aner Informatioune bezüglech Geschlecht an Numm anzedroen ewéi déi, déi am nationale Persounestandregëster notéiert sinn.
Fir Jonker, déi an hirem Alldag an der Schoul mat engem aneren Numm a Geschlecht liewen ewéi op hiren offizielle Pabeieren, sinn de Fichier élève an d’Schouldokumenter domat eng permanent Bedrohung fir en ongewollten Outing virun hirer Klass. Gläichzäiteg obligéiert den aktuellen administrative System déi Jonk, sech virun all Persoun vum Léierpersonal, déi op hirer Klass intervenéiert, ze outen an ze hoffen, dass de gewielten Numm an dat gewielte Geschlecht respektéiert ginn – wat leider net ëmmer de Fall ass.
Fir déi betraffe Kanner a Jugendlecher dréit den aktuelle System soumat nach vill ze oft zu engem Ëmfeld bei, dat vun enger grousser Angscht virun ongewollten Outingen, Deadnaming, Misgendering an aner Forme vun Intoleranz an Diskriminéierung gepräägt ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Huet de Minister Kenntnis vum oppene Bréif vun Intersex & Transgender Luxembourg a.s.b.l a gouf der ASBL schonn op hier Froe geäntwert?
-
Deelt de Minister d’Usiichte vun der ASBL an ass der Meenung, dass gewëssen Ännerungen néideg sinn, fir trans an intersex Persounen e bessert Ëmfeld am Schoulalldag ze bidden?
Falls jo: Wéi eng Ännerungen envisagéiert d’Regierung konkret a bis wéini ka mat der Ëmsetzung gerechent ginn? -
Wat hält de Minister vun der Iddi, am Fichier élève e Feld “nom d’usage” beizefügen a just dësen Numm fir dat ganzt Schoulpersonal sichtbar ze maachen, esou dass just dësen Numm fir déi intern Kommunikatioun, d’Schülerkaart an d’Prüfunge genotzt géif ginn, fir et de Kanner a Jugendlechen ze erlaben, ouni Angscht virun Outing an Deadnaming en aneren Numm am Alldag ze droen, ewéi deen aus dem Persounestandsregister?
-
Huet de Minister weider Piste fir géint Deadnaming a Misgendering an de Schoule virzegoen? Wéi gesinn dës aus a bis wéini ass mat enger Ëmsetzung ze rechnen?
QP Nummer 839