ACCOUNT

Waasserknappheet: D’Phase de Vigilance gouf declenchéiert

Gëschter, um 13.07.2022, hunn den Ëmweltministère an d’Waasserwirtschaftsamt e Communiqué eraus ginn, deen doriwwer informéiert, dass zu Lëtzebuerg opgrond vun den héijen Temperaturen an de feelenden Nidderschléi bis op Weideres eng “Phase de vigilance” declenchéiert gouf, déi d’Waasserkonsomatioun betrëfft. Niewent Recommandatioune fir Privatleit enthält de Communiqué och en Appel un d’Entreprisen an d’Gemenge mat de Wieder: “Secteur communal et professionnel: Cet appel s’adresse également aux communes et aux entreprises, qui peuvent limiter l’utilisation de l’eau potable au strict nécessaire, notamment en optimisant l’arrosage des espaces verts, en évitant l’utilisation des nettoyeurs à haute pression, ou encore en mettant à l’arrêt les fontaines publiques.” Trotz dësem Appell konnt ee gëschter an haut an der Haaptstad awer nach gesinn, wéi de Pawee mam Hochdruckreiniger gebotzt ginn ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gouf de Communiqué un d’Gemenge weidergeleet?

  2. Kruten d’Gemengen iwwert de Communiqué eraus detailléiert Recommandatiounen, déi d’Waasserkonsomatioun betraff hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6483

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen