Dem rezentste Bilan vum Santésminstère no war de Kriibs am Joer 2019 fir d’éischte Kéier déi heefegst Doudesursaach am Land. Nach méi oft wéi Persounen u kardiovaskulären Erkrankungen oder Accidenter verstuerwe sinn, hu Mënschen de Kampf géint de Kriibs verluer.
Well gewosst ass, dass de Kriibs eng schwéier Erkrankung ass, déi vill Persounen net iwwerliewen, wann d’Tumeuren eréischt spéit entdeckt ginn, si Vorsorge-Analysen an eng séier medezinesch Prise en charge beim Optauche vun den éischte Symptomer extrem wichteg.
Leider kënnt et zu Lëtzebuerg awer ëmmer nees zu Situatiounen, an deene Persounen trotz engem Verdacht op eng Kriibserkrankung e puer Woche waarde mussen, bis si bei engem Spezialist ënnersicht kënne ginn. Virum Hannergrond, dass bei besonnesch aggressiv Kriibsformen, d’Tumeuren sech no e puer Woche Waardezäit schonns staark vergréissert oder souguer am Kierper gestreet kënnen hunn, rode verschidde Generalisten hire Patienten, ze probéieren e Rendezvous am Ausland ze kréien. Fir déi Concernéiert ass esou ee Rendezvous am Ausland awer oft mat héije Käschte verbonnen, well d’CNS d’Fräien net ëmmer iwwerhëlt.
Rezent soll et esou z.B. zu Refus vun der CNS komm sinn, a Fäll, wou Persounen sech am Ausland wollten ënnersiche loossen, wéinst Mo-Daarm-Bluddungen (Code ICD10/CIM10: K92-2) an domat verbonnen, dem Verdacht op eng Kriibserkrankung. Wärend d’Waardezäit an Däitschland just bei e puer Deeg louch, hätt et zu Lëtzebuerg iwwer 2 Woche gedauert, fir déi entspriechend Analyse gemaach ze kréien.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi laang musse Patienten aktuell an der Moyenne waarden, bis si eng Koloskopie/Gastroskopie gemaach kënne kréien, wann se d’Symptomer vum ICD10/CIM10: K92-2 presentéieren?
Wéi eng Waardezäit ass an esou Fäll der Regierung hirer Aschätzung no medezinesch vertrietbar?
-
A wéi enge Fäll (Waardezäit zu Lëtzebuerg, Krankheetsbild etc.) iwwerhëlt d’CNS Koloskopien/Gastroskopien och am Ausland?
-
Wat gëtt gemaach, fir d’Waardezäiten bei Analysen, déi fir eng Fréierkennung vun enger Kriibserkrankunge wichteg kënne sinn, ze verkierzen?
QP Nummer 4476