Waardezäiten bei Orthopeden

Aus enger Etüd vun 2020 vum Robert Koch Institut geet ervir, dass 15,5 % vun de Befroten ënnert chroneschem Réckewéi leiden. Och zu Lëtzebuerg si vill Persoune vu Réckeproblemer betraff a mussen dofir e Spezialist opsichen. Aktuell soll et hei awer zu laange Waardezäite kommen. Esou soll et z. B. zu Fäll komm sinn, wou Patienten och no enger IRM-Analys, déi kloer e gesondheetleche Problem bestätege konnt, dee souguer e chirurgeschen Agrëff kéint néideg maachen, nach iwwer 7 Méint musse waarden, fir e Rendez-vous bei engem entspriechende Spezialist ze kréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang musse Patienten aktuell an der Moyenne waarden, bis si e Rendezvous bei engem Orthoped/Réckespezialist kréie kënnen?

  2. Wéi eng Waardezäit wär der Regierung hirer Aschätzung no hei medezinesch vertrietbar?

  3. Wat gëtt gemaach, fir d’Waardezäite bei orthopedeschen Ënnersichungen ze verkierzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5233

Zesummenhang posts

A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder