An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5159 huet d’Ministesch versicht ze erklären, wisou et zu laange Waardezäiten a groussen Diskrepanze fir Rendez-vousen am IRM an de verschiddene Spideeler ze kréie kënnt. Louch eis deemools eng Confirmation de Rendez-vous fir, bei der ee Patient aus dem CHL iwwer 80 Deeg misst op säi Rendez-vous waarden, sou läit eis haut eng Confirmation de Rendez-vous aus dem HRS fir, wou ee Patient 132 Deeg op säin Termin muss waarden.
Mam Schafe vun engem IRM am Oste vum Land um Potaschbierg gouf d’Aussiicht op verkierzte Waardezäite geweckt. Des Weidere goufen dës Erwaardungen duerch d’Jugementer vum Verwaltungs- a Verfassungsgeriicht bestäerkt. Op Basis vum Spidolsgesetz vun 2018 gouf d’Mise en marche vum IRM um Potaschbierg elo vun der Gesondheetsministesch gestoppt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
D’Planung an d’Uschafe vun engem IRM kaschte vill Zäit.
Wisou gouf d’Mise en marche vum IRM um Potaschbierg esou kuerzfristeg gestoppt? -
Wéi hunn sech d’Chifferen aus der parlamentarescher Fro n°4032 säit Januar entwéckelt? Wou stinn Delaie fir ee Rendez-vous fir den IRM haut?
-
Wat fir konkret Moossnaame goufe rezent ergraff, fir um informateschen ewéi dem net-informatesche Wee den Zougang zum Plateau de radiologie mei effizient ze gestalten?
-
Plangt d’Madamm Ministesch de legale Kader sou ze adaptéieren, dass IRM’en am extrahospitale Milieu dierfen duerchgeféiert ginn? Falls jo, wéini wir mat dësem legale Kader ze rechnen?
-
Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Käschte vun dëse Servicer vun der CNS solle gedroe ginn? Wat geschidd, falls d’CNS decidéiert, dës Käschten net ze droen?
-
Ass d’Madamm Ministesch net der Meenung, dass d’Auswäichen vu ville Patienten op IRM-Servicer am Ausland, déi si dann zum Groussdeel aus der eegener Täsch bezuele mussen, zur Entwécklung vun enger Zwee-Klasse-Medezin bäidréit?
QP Nummer 6030