Vott Liwwerketten Direktive

Wéi den däitsche SPIEGEL mellt, sollen Ännerungen un der Liwwerketten-Direktive proposéiert gi sinn. Déi nei Propositioun, déi de SPIEGEL kritt huet, enthält däitlech Verännerungen. D’Direktive soll net méi fir Firme mat méi wéi 500 Mataarbechter an engem Ëmsaz vun 150 Milliounen Euro gëllen, mee nëmme fir Firme mat 1.000 Mataarbechter an engem Ëmsaz vun 300 Milliounen Euro. D’Propositioun huet och d’Fro vun der Zivilverantwortung opgeweecht an d’Risikosecteuren als Kategorie geläscht. Och sollen d’Liwwerkette just nach kontrolléiert ginn, wann et sech ëm Fournisseuren handelt, déi direkt oder am Optrag vun der Entreprise handelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister dës Ännerungsvirschléi confirméieren?

  2. Wann e Freiden nach eng Kéier sollt am COREPER oder Niveau vun de Wirtschaftministeren gefrot gëtt, wéi Lëtzebuerg wéilt ofstëmmen, wat wäert Lëtzebuerg da soen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 437

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen