Communiqué de presse
D‘Piraten sinn enttäuscht vun den zwee Lëtzebuerger EU-Parlamentarier, déi beim Vott vun enger Resolutioun iwwert d‘Rettung vu Flüchtlingen net präsent waren a lancéieren een Apel fir eng méi human EU-Migratiouns- an Aussepolitik.
• Vott am EU Parlament
Eng Resolutioun, fir d’Liewen vu Migranten ze retten, déi iwwert d’Mëttelmier an Europa kommen, gouf viru kuerzem vum Europaparlament mat enger ganz knapper Majoritéit ofgelehnt. 290 Stëmmen dergéint, 288 derfir an 36 Enthalungen, dat ass de Bilan vun engem Vott, wou et ëm d’Iwwerliewen vu Mënschen gung, déi op der Sich no engem bessere Liewen sinn. Virun allem déi Lëtzebuerger Europa-Deputéiert gesinn an dësem Kontext al aus. Weder de Nicolas Schmit (LSAP), nach d’Monica Semedo (DP), waren bei dësem Vott am EU-Parlament präsent. Dat ass inakzeptabel! Et waren aus lëtzebuergescher Siicht déi zwou Stëmmen, déi dofir gesuergt hunn, datt dës Resolutioun ofgelehnt gouf. Och, a virun allem d‘Positioun vun der CSV halen d‘Piraten an deem Kontext fir problematesch. Duerch hire negative Vott alignéiert sech d‘EVP mat Rietspopulisten an ënnerstëtzt se an hirem xenophoben Discours. D‘Piraten fuerderen vun der CSV e kloert Bekenntnis zu de Mënscherechter an der Genfer Flüchtlingskonventioun. Am EU-Parlament ass d’Scheiteren vun der Resolutioun, nom Vott, mat engem fermen Applaus vun de rietspopulistesche Parteien clôturéiert ginn. Fir d’Piraten ass dëst een schwaarzen Daach fir d‘lëtzebuergesch EU-Politik.
• Flüchtlingsdeal mat der Tierkei
Mir Piraten wëllen bei dëser Occasioun och drun erënneren, datt tëscht der EU an der Türkei nach ëmmer ee Flüchtlingsdeal besteet. Den tierkeschen President Erdogan stoppt fir d’EU, géint Bezuelung, gréisser Immigratiounswellen a Richtung Europa. Mir Europäer huelen dofir bewosst a Kaf, datt Mënscherechter violéiert ginn an d‘Genfer Konventioun net respektéiert gëtt. Den tierkesche President ass dann och viru kuerzem ouni UN-Mandat an ouni Récksprooch mat der internationaler Communautéit a Syrien agefall a kämpft do géint eis kurdesch Alliéiert. Eng Motioun, déi konkret Aktiounen vu Lëtzebuerg géigeniwwer der Tierkei gefuerdert huet, gouf läscht Woch an der Chamber ofgelehnt. Eis Piraten sinn an dësem Kontext d‘Hänn gebonnen a mir kënnen just un eis Representant‘en vu Lëtzebuerg bei der EU appelléieren.
• D‘Piraten verlaangen méi Kredibilitéit
Wa Lëtzebuerg an d’EU wëllen Drock op den tierkesche President Erdogan ausüben, dann muss d’EU dësen Deal iwwerdenken an sech resolut fir eng besser Protektioun vun de Migranten asetzen, an dat op alle Niveauen. Mir wëllen drop opmierksam maachen, datt een de Problem bei der Wuerzel sollt paken an resolut Aktiounen lancéieren, fir dem Leed am Mëttelmier en Enn ze setzen. D’Piraten sinn der Meenung, datt een d’ONG’en, déi Mënschen a Leed hëllefen sollt ënnerstëtzen (z.B. duerch eng besser Kommunikatioun a finanzielle Mëttel). D‘EUPolitik muss endlech kredibel a kohärent ginn a fir d’Mënscherechter astoen. Wann eis Europadeputéiert bei sou engem Vott net do sinn, setzt dat e ganz falscht Signal un d‘Wielerinnen a Wieler.
Communiqué par le Parti pirate