Vorratsdatespäicherung

Zënter den Enthüllunge vum Edward Snowden vun 2013 ass kloer, dass d’staatlech Iwwerwaachungsmoossnahmen an Iwwerwaachungssoftwaren, wéi Pegasus, omnipresent sinn. Et ass och drun z’erënneren, dass och d’lëtzebuergesch Regierung ëmmer nach d’Vorratsdatespäicherung ënnerstëtzt an dat, obwuel den europäesche Geriichtshaff a verschiddenen Arrêten dës als onverhältnesméisseg an illegal verurteelt huet. An eise parlamentaresche Froen n°813 an n°1783, souwéi an enger Motioun vum Juli 2019 si mir am Detail op dës Illegalitéit agaangen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft huet eis Justiz an de leschten 10 Joer, am Kader vun enger Ermëttlung, op d’Vorratsdaten zeréckgegraff?
    Falls keng Zuelen dozou virleien, firwat net a wéi kann d’Proportionalitéit vun der Vorratsdatespäicherung an deem Fall garantéiert ginn?

  2. Kann d’Regierung ausschléissen, dass – ausserhalb vun erlabtenen Enquêten – op d’Vorratsdate vu lëtzebuergesche Journalisten, Aktivisten oder Oppositiounspolitiker zeréckgegraff gouf? Falls nee, wéi oft war dat de Fall?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4693

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt