Virsiicht mat Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart

De Gesondheetsministère huet de 27te Juli ee Communiqué erausginn, an deem en d’Leit warnt, kee Geméis an Uebst aus dem eegene Gaart ze consomméieren, well no den Iwwerschwemmunge Mëtt Juli vill gesondheetsschiedlech Chemikalien a Bakterien d’Uebst an d’Geméis an de Gäert kéinte kontaminéiert hunn

Wärend den Iwwerschwemmunge goufen awer net nëmme Gäert, mee och eng Rëtsch Geméis- an Uebstfelder souwéi Gréngland, iwwerschwemmt. D’Zeitung “De letzebuerger Bauer” schreift a sengem Leitartikel vum 23te Juli 2021:

“Wegen der Verschmutzung durch Schlamm und Geröll, in schlimmeren Fällen durch Heizöl aus geborstenen Tanks, Müll oder Frachten aus überschwemmten Kläranlagen, kann das Futter (Gréngland) nun nicht mehr benutzt werden.”

Heizou folgend Froen:

  1. Konnt de Landwirtschaftsministère scho feststellen, ob och d’Geméis- an Uebstfelder hei am Land vun esou Kontaminéierunge betraff sinn? 
  2. Goufe schonns Liewensmëttel aus dem Verkéier gezunn, déi am Zesummenhang mat den Iwwerschwemmunge kontaminéiert gi sinn?
  3. Wäerten an nächster Zäit verstäerkt Liewensmëttelkontrollen duerchgefouert ginn, fir Risike fir de Konsument kënnen ze minimiséieren?

QP Nummer 4768

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene