Vitessreduktioun op 90km/h op der A6

Zënter 2019 ass d’Vitesse op der Areler A6 bis bei d‘Sortie Kierchbierg Moies zu de Spëtzenzäiten tëschent 6h45 an 9h15 op 90 Km/h limitéiert. Dem Mobilitéitsministere no sinn esou iwwert déi lescht véier Joer knapp 10 Prozent manner Accidenter geschitt. Allerdéngs “mierkt een awer och, datt verschidden Automobilisten de System net verstinn an awer laanscht briederen, wann et kuerz geet an dann awer e puer honnert Meter méi wäit op d‘Brems spréngt [sic].“, wéi et an engem RTL-Artikel vum Direkter vun der Stroossebauverwaltung heescht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft goufen, zënter der Aféierung vun der Vitessreduktioun zu de Spëtzestonnen, Vitesskontrollen op der A6 duerchgefouert?
    Wéi vill Kontrolle goufe punktuell (mobil Radaren) tëschent 6h45 an 9h15 gemaach?

  2. Wéi vill Protokoller wéinst Geschwindegkeetsiwwerschreidunge goufen et zënter der Aféierung vun dëser Moossnam?
    Wéi vill vun deene Protokoller goufen tëschent 6h45 an 9h15 geschriwwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7647

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt