Visitt beim Ex-Wirtschaftsminister

©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Wéi d’Lëtzebuerger Land a senger Editioun vum 19.04.2024 mellt, stoung bei der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel an de Vertrieder vun der lëtzebuerger Regierung um Mëttwoch och eng Visitt vun der Firma Jan De Nul Group um Programm. Den Ex-Wirtschaftsminister Etienne Schneider ass hei Member am Verwaltungsrot. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass dës Firma wärend der Staatsvisitt besicht ginn?

  2. Wéi eng aner Firmen si wärend der Visitt an der Belsch besicht ginn?

  3. Hält d’Regierung et net fir onpassend, eng Firma vun engem Ex-Minister besichen ze goen, bei deem no sengem Austrëtt aus der Politik kloer ginn ass, datt en op Staatskäschten ee luxuriéist Liewe gefouert huet (https://www.reporter.lu/luxemburg-minister-auf-reisen-die-spesen-bilanz-von-blau-rot-gruen/) an ënner dem senger Verantwortung de LUXEOSys Satelitte-Projet finanziell all Kader gesprengt huet?

  4. Wat fir eng Kooperatioun gëtt et tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der genannter Firma?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 645

Mir hunn eng Nofro zu dëser gestallt:

  1. Wien huet d’Initiativ ergraff, fir d’Firma Jan de Nul ze besichen? Vu wiem gouf d’Kontaktopnahm gemaach: vum Grupp Jan de Nul, vun der belscher Säit oder vun der lëtzebuergescher Regierung?
  2. Gouf et een Afloss, eng Kontaktopnahm oder een direkten Echange mam Ex-wirtschaftsminister Etienne Schneider, fir dës Visite z’organiséieren?
  3. Kann d’Regierung bestätegen oder ausschléissen, dass Honorarer bezuelt goufen, fir eng d’Firma Jan de Nul besichen ze goen? 

QP Nummer 863

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene