Visite beim Aarbechtsdokter

Persounen, déi am Beräich vun der Sécurité sociale net mat enger Decisioun vun der Krankekeess oder anere staatleche Verwaltungen averstane sinn, kënnen beim Conseil arbitral vun der sécurité sociale (CASS) dogéint kloen. De CASS beopdrot reegelméisseg Medeziner, déi Expertisen maachen, fir d’Dossieren opzeklären, domatt de CASS eng Decisioun kann huelen.
Mir si Fäll bekannt, wou Leit, déi aus gesondheetleche Grënn net mobil sinn, queesch duerch d’Land bei een Dokter geschéckt goufen, fir dës Kontrollvisitten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi vill Experten kann de CASS aktuell fir Expertisen zeréckgräifen?

  2. Wéi verdeelen sech déi Experten geografesch hei am Land (Kanton oder Distrikt)?

  3. Kënnt et vir, dass Leit fir eng Kontrollvisitt bei engem Expert iwwert 50 Kilometer fuere muss? 

  4. Wat kann de Patient ënnerhuelen an u wie kann hien sech wenden, fir ee Rendez-vous bei engem Expert ze kréien, dee méi no vun him situéiert ass? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1646

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen