Virworf vun Interessekonflikter beim e-Bichelchen

Wéi een am Reporter.lu-Artikel “Family business im Bildungsministerium” konnt liesen, gouf et nawell eng Réi Ongereimtheete bei der Entwécklung vun der “E-Bichelchen” App. Esou steet de Verdacht vu Vetternwirtschaft am Raum.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Artikel gëtt den Entwéckler vun der App, de Loris Wilwert un, dass d’ “Konzeptauserbeitung der Web-App bereits im Vorfeld von einer anderen Firma durchgeführt [wurde]”.
    Wéi eng aner Firma war dëst? Krut déi 2t Firma, déi eng Offer eraginn hat, och Zougang zu dësen Informatiounen?

  2. Wéi ee Service hat d’initial Konzeptausaarbeschtung an Optrag ginn? 

  3. Wéi vill Geld ass un dës éischt Firma bezuelt ginn, fir hir Aarbecht?

  4. Och am Artikel ze liesen ass:
    “”Da die Abteilung von der Existenz von Apporix wusste, habe man anschließend Loris Wilwert gebeten, ein Angebot einzureichen, so das Ministerium gegenüber Reporter.lu.””

    Ass et üblech, dass den Educatiounsministère Firme freet, fir Offeren anzereechen? Wa jo, a wat fir Kontexter gëtt dëst gemaach an unhand vu wéi enge Krittäre gëtt entscheed, u wéi eng Firmen een eruntrëtt an u wéi eng net?

  5. Wéini gouf d’Konzept fir d’E-Bichelchen initial opgestallt an duerch wien?

  6. Ass den Terrain (Lycée- oder Grondschouldirektiounen) bei der Ausschaffung vum Konzept mat abezu ginn? Wa jo a wéi enger Form a wéi oft?

  7. Weider ass am Artikel vu Report ze liesen:
    “”Auf Vorschlag der Abteilung für Berufsausbildung des Ministeriums wurde Apporix für die Erstellung einer Web-Applikation ausgesucht.””

    Wéi koum den Educatiounsministère dozou, d’Firma Apporix eng éischte Kéier z’engagéieren? 

  8. Wéi héisch war den Ënnerscheed tëscht der Offer vun Apporix an der 2ter Firma, déi net zréck behale ginn ass?

  9. Wéi a wéini ass den Educatiounsministère déi éischte Kéier op Apporix oder op d’Persoun vun hirem Gérant Opmierksam ginn?

  10. Wéi vill huet d’Entwécklung vum e-Bichelchen am Endeffekt kascht ?

  11. Wéi vill huet d’Prozedur vum Insourcing, bei där de Gérant vun Apporix wärend 6 Méint als externe Mataarbechter beim CGIE agestallt gouf, de Staat kascht?

  12. Weess de Minister mëttlerweil, firwat de CGIE-Direktor säi Kabinet net iwwert d’Verbindung tëscht sengem Stellvertrieder an der Firma Apporix opgekläert huet? Wat fir Konsequenzen ergi sech heiraus?

  13. Huet de Minister, nodeems en iwwert d’Prozedure beim E-Bichelchen informéiert ginn ass, Abléck an aner Opträg, déi de CGIE geréiert, gefrot? Wa jo a wéi eng?

  14. Ënnerhält de Ministère aktuell nach Geschäfts- an/oder Aarbeschtsbezéihunge mam Gérant vun Apporix oder der Firma?

  15. Haten och aner Servicer vum Ministère Kontakt mam Gérant vun Apporix? Wa jo, a wéi engem Kontext?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7868

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir