Gouf et e Virtragshonorar vu VW fir den Ausseminister?

Wéi den Ausseministère iwwer Twitter gemellt huet, huet de Minister Jean Asselborn op Invitatioun vun der Volkswagen AG den 30.06.2022 am däitsche Braunschweig en Impulsvirtrag zum Thema “Paradigmenwechsel in Europa nach dem russischen Angriffskrieg in der Ukraine” gehalen. D’Fro, ob an a wéi engem Kader et Deputéierten a Ministere soll erlaabt sinn, Virträg op Ufro vun der Privatwirtschaft ze halen (an dofir zum Deel och héich Virtragshonorarer ze erhalen), huet an der Vergaangenheet international ëmmer nees fir Kontroverse gesuergt, well finanziell Interêten d’Neutralitéit vun de Politiker ënnergruewe kéinten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Minister fir de genannte Virtrag bezuelt ginn?

  2. Wien huet d’Käschte fir d’Rees an eventuell fir eng Ënnerkonft am Kader vum genannte Virtrag iwwerholl?

  3. Ass de Premierminister der Meenung, dass d’lëtzebuerger Gesetzgebung d’Neutralitéit vu politesche Mandatsträger a spezifesch de Regierungsmemberen ausräichend garantéiert? Wou gesäit de Minister an dësem Beräich nach Verbesserungspotential, wat d’gesetzlech Basis ugeet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6437

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen