Virschlag fir eng Gesetzesännerung bei de Radaren

Haut huet den Deputéierte Marc Goergen eng Ännerung zum Gesetzesprojet, fir déi néi Rout-Luucht-Radaren an der Chamberskommissioun deposéiert.

D’Zil ass et, dass all Radar muss eng Foto vum Chauffeur vum Auto (an net nëmme vun der Plaque) maachen. Esou soll verhënnert ginn, dass de Chauffeur een anere kann dozou iwwerrieden, oder souguer zwéngen, fir a senger Platz de Protokoll ze bezuelen an d’Schold op sech ze huelen. Keen soll sech viru senger Strof kënnen drécken.

Mir Piraten si keng Supporter vun de Radaren, wëllen awer dass wann Protokoller verdeelt ginn, op mannst sécher ass, dass dee Richtegen de bezuelt.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen