Villerchersfrëndlech Wandkraaftrieder

De Biodiversitéitsverloscht mécht net viru Lëtzebuerg Halt, wéi een et op der rouder Lëscht vun de Brutvillecher, déi 2019 aktualiséiert gouf, erkenne kann. An engem gemeinsame Communiqué am Joer 2019 haten di grouss Ëmweltorganisatiounen zu Lëtzebuerg gewarnt, datt méi wéi d’Hallschent vun den typesche Villercher zu Lëtzebuerg ausgestuerwe oder gefährdet sinn. De Grond dofir ass eng Landesplanung, déi oft virum Liewensberäich vun de Villercher keen Halt mécht. Ënnert deem Aspekt ass et wichteg, datt all Mesuren geholl ginn, fir de Liewensraum vun den heemesche Vullenzorten ze schützen.

An enger norwegescher Etüd*, déi néng Joer gedauert huet an de 26te Juli 2020 publizéiert gouf, hu Fuerscher erausfonnt, datt duerch d’Usträiche vu Wandrieder manner Vullen an d’Rotorblieder geroden an doduerch bis zu 70% manner Villercher stierwen. D’Erklärung ass simpel: duerch den einfach Geste d’Rotore schwaarz unzesträichen erkennen d’Villercher d’Wandrieder besser a kënnen se esou besser evitéieren.

* May, R,  Nygård, T,  Falkdalen, U,  Åström, J,  Hamre, Ø,  Stokke, BG. Paint it black: Efficacy of increased wind‐turbine rotor blade visibility to reduce avian fatalities. Ecol Evol.  2020; 10: 8927– 8935. https://doi.org/10.1002/ece3.6592

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert sech d’Regierung d’Erkenntnisser aus dëser Etüd zu Notze maachen an dofir suergen, datt d’Wandrieder hei zu Lëtzebuerg an noer Zukunft ugestrach ginn? Falls jo, ginn nodréiglech och déi Wandkraaftrieder hei am Land ugestrach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2757

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt