eng Lupe, déi uewen op engem hëlzenen Haus sëtzt.

Vill Froen zum Logement

Viru Kuerzem huet de Minister Henri Kox op d’parlamentaresch Fro vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo mat iwwer 30 Froe geäntwert. Dës Lëscht vu Froe géif ausdrécken “datt et am Logement eng ganz Rei Sujete ginn, iwwert déi de Ministère gären eng besser Datelag hätt a wéilt fuerschen”. An der Heure des questions vum 18ten Abrëll goufe vum Minister zwar schonn e puer Punkten ugeschwat, trotzdeem bleiwen nach vill oppe Froen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi kann de Ministère dofir suergen, dass de private Immobiliësecteur méi Wunnengen entwéckelt, déi op d’Finanzéierungskapazitéit vun de mëttleren Akommesstéit zu Lëtzebuerg passen?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  2. Wéi een Undeel haten d’Loyeren op d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Immobiliëpräisser an de leschten zwanzeg Joer?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  3. Wéi kann bei der Entwécklung vun neie Logementer den Impakt op d’Äerderwiermung limitéiert ginn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  4. Wéi kann ee gutt Zesummeliewen a stättesche Quartieren, déi ëmmer méi dicht bebaut ginn, assuréiert ginn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  5. Wat ass déi duerchschnëttlech Wunnfläch pro Awunner an no de Regiounen a Kategorie vum Alter oder der sozio-ekonomescher Situatioun zu Lëtzebuerg? Wéi sinn dës Moyenne am Vergläich mat dem Duerchschnëtt vun eisen Nopeschlänner?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  6. Wat wier déi noutwenneg Wunnfläch pro Awunner fir den Erausfuerderunge vun enger nohalteger Entwécklung gerecht ze ginn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  7. Wat ass d’Virstellung vu bezuelbare Wunnraum fir jonk Leit, fir Leit iwwert 60 Joer a fir Famillen? Wéi hunn sech dës Virstellungen zanter den 1980er Joren entwéckelt? Entsprécht de Lëtzebuerger Wunnengsbau dëse Virstellungen?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  8. Wéi ka potenzielle Wunnraum zu Lëtzebuerg mobiliséiert ginn, fir de verfügbare Wunnraum besser ze notzen a gläichzäiteg déi wirtschaftlech Widderstandsfäegkeet vun de Stéit ze stäerken?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  9. Wéi eng Auswierkungen wäert d’proposéiert eng Mobiliséierungssteier hunn op d’Bereetschaft vun de Propriétairen hir Terrainsreserve fir Wunnengen auszebauen? Wéi eng Korrelatioune ginn et tëscht dem Niveau vum Steiersaz an der Entwécklung vum Logement?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen d’Gesetz z’evaluéieren esou baal et a Kraaft ass, a wa jo, wéi oft soll dës Evaluatioun gemaach ginn?
  10. Wéi ka séchergestallt ginn, datt eng Mobiliséierungssteier fir d’Entwécklung vu Wunnenge keen negativen Impakt op d’Evolutioun vun de Präisser huet a gläichzäiteg ze assuréieren, dass d’Entwécklung vu neiem Wunnraum konform mam PDAT ass?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  11. Wat fir en Impakt huet eng Leerstandsteier op d’Dispositioun vun de Propriétairen, fir dës Appartementer ze lounen? Wat fir een Impakt hätt eng méi substantiell Offer vun der Gestion locative sociale op d’Mobiliséierung vun onbewunnte Wunnengen?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  12. Wéi bewäert de Ministère den Impakt vun der masse monétaire op d’Evolutioun vun Immobiliëpräisser an Europa?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  13. Wéi ass den Taux vun de Recoursen op aner individuell Hëllefe fir een Zougang zu Immobilien ze kréien?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  14. Wéi kënnen d’Käschte fir den Acteur fir d’Gestion locative sociale méi präzis bewäert ginn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  15. Wéi kann d’Produktivitéit vum Bausecteur verbessert ginn, déi an engem konstante Réckgang ass? Wéi ka séchergestallt ginn, datt de Bausecteur e Pionéier beim Asaz vun erneierbarem Baumaterialie gëtt?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  16. Wéi kann d’Kreeslafwirtschaft am Bausecteur gefërdert ginn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  17. Wéi kann assuréiert ginn, datt déi Responsabel op Gemengenniveau d’Entwécklung vu bezuelbare Wunnengen an hire Gemenge méi offe begréissen, dëst besonnesch op fréieren Industriefrichen?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  18. Wéi gëtt eng sozial Mëschung definéiert? Gëtt et eng “gesond sozial Mëschung”?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  19. Ginn et sozial Diversitéitskrittären, déi um Niveau vun der urbaner Entwécklung ëmgesat musse ginn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  20. Wat sinn déi psychologesch, wirtschaftlech, sozial a kulturell Faktoren, déi Stéit mat engem nidderegen Akommes schwächen?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  21. Wat sinn déi psychologesch, wirtschaftlech, sozial a kulturell Faktoren, déi Stéit mat engem héijen Akommes schwächen?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  22. Wéi eng Verbindunge ginn et tëscht der Diversitéit vun den Awunner vun enger Residenz an der Widderstandsfäegkeet vum Zesummeliewen?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  23. Wat fir eng Begleedung ass néideg fir e gutt Zesummeliewen an enger Residenz mat enger grousser wirtschaftlecher, sozialer a kultureller Diversitéit?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  24. Wat fir eng Begleedung ass néideg fir e gutt Zesummeliewen an engem Quartier mat enger grousser wirtschaftlecher, sozialer a kultureller Diversitéit?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  25. Wéi een Impakt huet d’mixité scolaire op e gutt Zesummeliewen an engem Quartier?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  26. Wéi definéiert de Logementsministère “Gentrifizéierung”? A wéi enge Quartiere vun de grousse Lëtzebuerger Uertschaften ass eng “Gentrifizéierung” feststellbar?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  27. Wéi ka beim Logement an de “quartiers populaires” déi energeetesch Transitioun geléngen? Wéi kënnen esou “quartiers populaires” identifizéiert ginn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  28. Wéi eng Verbesserunge sinn néideg, fir dass de System vun de Commissions de loyer zu engem effektive Mediatiounsorgan gëtt?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  29. Wéi ass d’Evolutioun vun der Gréisst vun deene Firmen, déi am Beräich an der Entwécklung vun der Wunneng aktiv sinn?
    Falls de Minister dat net weess, wäert en säi Ministère beoptragen dëst eraus ze fannen, a wa jo, bis wéini solle Resultater virleien?
  30. Wann de Ministère sech méi wéi 29 wichteg Froen zum Thema Logement stellt, firwat huet de Minister net éischter Mesuren ergraff, fir Äntwerten op seng Froen ze fanne respektiv ze probéieren, fir un déi noutwenneg Donnéeën ze kommen? Wat sinn d’Problemer déi beim Beäntwere vun deene Froen optrieden? Wat bräicht de Minister vun der Chamber fir d’Beäntwerung méiglech ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7904

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.