Verweigerung vum Recht op Bestietnes

An der Aktualitéit gouf e Fall public, wou eng Koppel, déi zënter 2022 zesummen ass an e Kand huet, net d’Méiglechkeet kritt sech ze bestueden. De Mann, deen zënter 2018 zu Lëtzebuerg lieft, huet sech duerch eng Beruffsausbildung an d’Bestoe vum Sproochentest aktiv ëm eng Integratioun beméit. Seng Partnerin, déi zënter 2015 ënner internationalem Schutz steet, an hien hunn e gemeinsaamt Kand vun 18 Méint.

D’Verweigerung vum Recht op Bestietnes duerch verschidde Gemenge werft fundamental Froen op iwwert d’Kompatibilitéit vun eiser aktueller Praxis mat der Europäescher Mënscherechtskonventioun, déi an hirem Artikel 12 d’Recht op Bestietnes garantéiert. Dëst ass besonnesch problematesch am Kontext vun enger Famill mat engem gemeinsame Kand a wou ee vun den Elterendeeler e legale Statut zu Lëtzebuerg huet. Aktuell huet Lëtzebuerg ausserdeem d’Présidence vum Ministerrot vum Conseil de l’Europe, deen dës Konventioun ze verteidegen an ze stäerken huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi enger rechtlecher Basis kënnen d’Gemengen d’Recht op Bestietnes refuséieren a wéi ass dëst mat der Europäescher Mënscherechtskonventioun kompatibel?

  2. Wéi vill Refuse fir Bestietnesser goufen et an de leschte 5 Joer vu Gemengen, speziell a Fäll, wou ee vun de Partner e legale Statut zu Lëtzebuerg hat?

  3. Gëtt et eng eenheetlech Approche tëscht de Gemengen am Ëmgang mat Bestietnesufroe vu Persounen ouni legale Séjour, a wa jo, wéi gesäit dës aus?

  4. Wéi eng Méiglechkeete gesäit de Minister fir d’Situatioun vu Koppelen ze reegelen, déi e gemeinsaamt Kand hunn a wou just een Elterendeel e legale Statut zu Lëtzebuerg huet?

  5. Wéi eng Moossnamen hëlt d’Regierung fir ze verhënneren, datt Kanner duerch administrativ Decisioune vun engem Elterendeel getrennt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1911

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen