Verwaltungspresidentin vu Cargolux

Bei der Presentatioun vum Joresbilan vun 2020, huet d’Cargolux dës Woch Verännerungen an hirem Verwaltungsrot präsentéiert. D’Madamm Christiane Wickler gëtt néi Präsidentin vum Verwaltungsrot. Op Nofro vum RTL hin, huet Madamm Wickler erkläert, dass de Mobilitéitsminister François Bausch si viru 5 Woche gefrot huet, op si dëse Poste wéilt besetzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung den Nominéierungsprozess vum Poste vum Verwaltungsrotspresident respektiv der Verwaltungsrotspresidentin erklären? War déi ganz Regierung mat dësem Choix d’Accord ?

  2. An engem 100,7 Interview huet déi néi Verwaltungsrotspresidentin erkläert: “Et gi vill méi schlëmm Transportmëttel wéi de Fliger.”  Ass d’Regierung der selwechter Meenung?  Wéi eng Transportmëttel sinn der Regierung no manner nohalteg wéi Fligeren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4189

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt