D’Pirate verurteele d’Verbrieche vum iranesche Regimm

D’Piraten stellen sech op d’Säit vun den Demonstranten am Iran.

Context:

Séance plénière 9.02.2023

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Datt den iranesche Regimm säit dem Doud vum Mahsa Jina Amini duerch iranesch Revolutiounsgarden nach méi repressiv géint seng eege Bevëlkerung virgeet;
  • Datt den iranesche Regimm Manifestanten ouni jegleche Respekt vu Mënscherechter aspäärt, foltert an exekutéiert;
  • D’iranesch Revolutiounsgarden hei besonnesch schwéier implizéiert ass an disproportionéiert géint d’Protester am Land virgeet;
  • Dat d’EU-Parlament den 19te Januar 2023 d’Resolutioun 2023/2511(RSP)) ugeholl huet, déi dës Verbrieche kloer opweist a verurteelt;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. D’Verbrieche vum iranesche Regimm konsequent an der Ëffentlechkeet an och an private Gespréicher mat Representante vun anere Staaten ze verurteelen;
  2. D’iranesch Revolutiounsgarden als Terroristesch Organisatioun un z’erkennen an dofir se suergen, dass all wirtschaftlech Relatiounen tëscht Membere vun der Revolutiounsgarden an Acteuren aus Lëtzebuerg ënnerbonne ginn;
  3. All d’Efforte vum EU-Parlament an der EU Kommissioun géint all Aart vu Folter, Doudesstrofen a soss repressiivt Verhale vum iranesche Regimm géint seng eege Bevëlkerung z’ënnerstëtzen.

ENG Versioun hei:

Dës Motioun gouf an d’Aussekommissioun verwisen wou se geännert gouf an dunn an der Plenière ugeholl ginn ass.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt