Versteeë vun Déieren

Op de soziale Medien annoncéiert een Dierwiechter fir dëse Samschdeg eng Stee, bei där 50 islännesch Päerd solle versteet ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°4466 hat d’Regierung geäntwert, dass d’Déiereschutzgesetz d’Dignitéit vum Déier nach net op den nämmlechten Niveau wéi dat vum Mënsch stellt. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Versteeë vu Liewewiesen als kommerziell Aktivitéit ze verstoen ass?

  2. Wéi ass séchergestallt, dass d’Déieren, déi bei enger Stee verkaf ginn, zum Schluss och a gudden Hänn landen? Kann zum Beispill ausgeschloss ginn, dass dës Päerd no der Stee wäerten direkt geschluecht ginn?

  3. Wäerten déi nei Gesetzestexter, déi d’Regierung an hirer Äntwert op d’Fro n°4466 annoncéiert huet, d’Versteeë vun Déiere mat berécksiichtegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5027

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen