Verschwonne mannerjäreg Flüchtlingen

Laut dem Rechercheverband “Lost in Europe”, an deem ënner anerem de brittesche Guardian, den nidderlännesche Rundfunk VPRO an den rbb matwierken, sinn tëscht 2018 an 2020 iwwert 18’000 onbegleete Flüchtlingskanner aus staatlechen Ariichtunge verschwonnen. Laut de Recherchë vun de Reporter goufen et zu Lëtzebuerg mindestens 85 esou Fäll. D’Donkelziffer vun deene verschwonne Kanner dierft nach méi héisch sinn, esou de Verband, well duerch feelend Pabeieren an duerch administrativ Problemer, d’Donnéeë vu verschidde Kanner net komplett oder falsch sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung dës Zuele confirméieren? Wéi vill Kanner, déi op Lëtzebuerg geflücht sinn, si säit 2015 aus der Obhut vum Staat verschwonnen?

  2. Am Fall wou ee Kannt mat engem Statut DPI verschwënnt, wat fir Schrëtt gi geholl, fir dëst d’Kand erëm ze fannen?

  3. Wéi vill Kanner mat engem Statut DPI goufe säit 2015 als vermësst gemellt, mee konnten duerno erëm fonnt ginn? Wéi vill vun dëse Kanner sinn eng 2te Kéier verschwonnen?

  4. Laut der däitscher Tagesschau, huet d’EU Kommissioun de Memberstaaten scho matgedeelt, dass si méi Ustrengunge missten ënnerhuelen, fir ze verhënneren, dass Kanner verschwannen.  Kann d’Regierung bestätegen, dass d’Kommissioun der Regierung zu dësem Thema Informatiounen a Fuerderunge kommunizéiert huet? Wat huet d’Regierung säitdeem ënnerholl, fir d’Situatioun ze verbesseren?

  5. Sinn d’Donnéeë vun de Kanner a staatlecher Obhut all komplett? Falls nee, bei wéi vill Prozent feele perséinlech Daten deelweis oder ganz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4107

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen