verpasst Chance fir Starlink an Indien

An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de Starlink-Service an Indien unzebidden. Dëst bedeit, datt d’Lëtzebuerger Firma SES, déi och an der Course war fir dëse Marché, elo de Kierzere gezunn huet.

Et schéngt, wéi wann d’Regierung an d’Lëtzebuerger Acteuren an dësem Dossier net genuch proaktiv waren, fir dës wichteg Opportunitéit ze notzen. Grad am Hibléck op déi rezent Entwécklungen an den Handelsrelatiounen tëscht der EU an den USA, wier et wichteg gewiescht fir Lëtzebuerg sech an dësem strategesche Secteur ze positionéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet Lëtzebuerg dës Chance verpasst fir sech iwwer SES um indesche Marché mat Starlink z’etabléieren?

  2. Wat huet d’Regierung ënnerholl fir SES an hir Offer an Indien ze ënnerstëtzen?

  3. Wéi eng konkret Mesurë gedenkt d’Regierung elo ze huelen, fir d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg am Beräich vun de Satellittekommunikatioun an anere Schlësselmarchéen an Zukunft ze stäerken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2084

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen