Den 1ten Mäerz hunn ech eng parlamentaresch Fro n°3735 zur Reprise vu Verpakungsoffall gestallt. Deen Moment hat den Ëmweltministère erkläert, dass si Kenntnis vu Betriber hunn, déi sech net un d’Gesetz vum 21te Mäerz 2017 gehalen, also keen eegene Réckgabesystem opgebaut hunn an och net bei der Valorlux registréiert sinn. Laut Artikel vum 14.06. vum Wort, handelt et sech ëm 99+1 Betriber (dorënner d’Moulin Dieschbourg).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Laut Wort, si 24 vun deenen 99 vum Ministère ugeschriwwe Betriber, mëttlerweil gesetzeskonform. Wéi laang Zäit hunn déi verbleiwend Betriber nach, fir sech ze regulariséieren, ier Sanktiounen ausgeschwat wäerte ginn?
-
Vue que datt d’Gesetz scho säit iwwert 4 Joer a Kraaft ass, wéi erkläert den Ëmweltministère, dass et esou laang gedauert huet, fir déi net konform Betriber ze identifizéieren an op hire Feeler opmierksam ze maachen?
-
Den eemolege Valorlux-President erkläert am Wort-Artikel, dass hien direkt nom Untrëtt vun der Ministesch dës drop opmierksam gemaach huet, dass verschidde Betriber d’Gesetz vun 2017 net respektéieren. Kann d’Ministesch dëst bestätegen? Huet Valorlux den Ëmweltministère scho viru menger parlamentarescher Fro drop opmierksam gemaach, dass verschidde Betriber sech net un d’Gesetz halen?
-
Fir wéi vill Tonne Verpackungsmüll sinn dës 99+1 Betriber schätzungsweis responsabel?
-
Wéi vill hätten déi concernéiert 99+1 Betriber misse pro Joer u Valorlux a Form vu Membersbeiträg bezuelen? Wat fir ee finanzielle Schued ass Valorlux doduerch entstanen?
QP Nummer 4496