Verongléckten Hausdéieren

Leider kënnt et ëmmer nees vir, dass Hënn oder Kaatzen am Strosseverkéier ëmkommen. Obwuel dës Hausdéieren an der grousser Majoritéit – esou wéi d’Gesetz et virschréiwt – gechipt sinn, ginn d’Informatioune vum Chip nom Accident vum Déier awer oft net ausgelies. Wann d’Besëtzer:inne den Accident also net selwer gesinn, gi si oft ni gewuer, wat mat hirem vermësst gemellten Déier geschidd ass.
Fir dat ze verhënneren schaffe verschidde Gemengen, wéi z. B. d’Gemeng Colmer-Bierg, mat Veterinär(inn)en zesummen, déi d’Chips ausliesen an d’Propriétaire kontaktéieren. Esou soll verhënnert ginn, dass verongléckten Hausdéieren ouni d’Wësse vun hire Besëtzer:innen irgendwou an engem Container landen an entsuergt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der Regierung déi genannte Problematik, déi och an engem Wort-Artikel vum 28.05.2024 thematiséiert gouf, bekannt?

  2. An der Äntwert op meng Fro 3013 sot déi deemoleg Regierung: “Et ass wichteg, datt méiglechst vill offiziell Stelle mat engem Chipliesegerät equipéiert sënn. Dat ass aktuell bei enger Partie Policekommissariater a Gemengen och well de Fall.”
    Wéi vill Policekommissariater a Gemengen hunn aktuell esou en Chipliesegerät?

  3. Plangt d’Regierung, d’Gemengen ze encouragéieren, verongléckten Hausdéieren net ze entsuergen, ouni dass probéiert gouf, d’Proprietairen ze fannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 910

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt