Gemengen verlouhne fir wirtschaftlech Aktivitéiten

Et ass gängeg, dass hei am Land Gemengen hir Gebaier oder Terrainen u Privatpersounen oder Privatfirme verlounen. Oft ass et esou, dass d’Gemeng iwwert dëse Wee versicht, fir kulturell, ekologesch oder sozial Aktivitéiten unzekuerbelen an esou d’Liewensqualitéit an enger Lokalitéit ze verbesseren. Am Sënn vum Gemengegesetz sollen dës Aktivitéiten dem kommunalen Intressi zeguttkommen. Et gi Gemengen, déi dat kommunaalt Intressi wäit ausdeenen an och kommerziell Aktivitéiten an hirer Gemeng opbauen, wéi zum Beispill an der Gastronomie, wat awer eng privat wirtschaftlech Aktivitéit ass. Wat oft gemaach gëtt, ass, dass d’Gemeng Gebaier, déi hir gehéieren, zu engem reduzéierte Loyer u Privatfirme verlount.  Dës massiv Reduktioun vum Loyer wërft eng Rei vu juristesche Bedenken op, speziell beim Konkurrenzrecht souwéi bei de Reegele vu staatleche Bäihëllefen. Et stellt sech ee Bedenke vun der Fairness: firwat sollt nëmmen eng Firma jorelaang vun engem bëllege kommunale Loyer profitéiere kënnen, wärend aner Betriber kucke mussen, wéi se hire volle Loyer bezuelen? No Informatiounen, déi mir virleien, huet eng Gemeng ee Restaurant, deen hir gehéiert, ursprénglech zu engem Monatsloyer vun 2.800 Euro ausgeschriwwen an och zu dëse Konditioune verlount. Dem nächste Locataire huet d’Gemeng, fir dat selwecht Gebai, de Loyer op nëmme 500 Euro, de Mount reduzéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf eng Gemeng ee Gebai zu engem Präis verlounen, dee massiv ënnert Marchésloyer leit a falls jo, wéi eng Krittäre mussen hei beuecht ginn, am Sënn vum Konkurrenzrecht, vum kommunalen Interessi a betreffend dem Gläichbehandlungsprinzipp?

  2. Ass d’individuell Reduktioun vun engem Loyer duerch eng Gemeng ëmmer als eng staatlech Bäihëllef ze bewäerten? 

  3. Huet den Inneministère an der Vergaangenheet Bäihëllefe vu Gemengen annuléiert, well se net am Sënn vum Konkurrenzrecht, vum kommunalen Interessi a betreffend dem Gläichbehandlungsprinzipp? Falls jo, wéi vill waren dat zënter 2019? 

  4. Ass den Inneministère der Meenung,  • dass ee Loyer vu 500€ (dee virdrunner op 2.800€ fixéiert war); • fir eng Restaurantsaktivitéit ze subventionéieren (an enger Gemeng, wou schonns onzielege Restauranten existéieren); d’Konkurrenzrecht respektéiert an dem kommunalen Interessi zegutt kënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3603

Zesummenhang posts

Am Artikel 16 vum Règlement grand-ducal du 21 octobre 1987 concernant le temps de travail et les congés des fonctionnaires communaux ass festgehalen, dass
D’Mietgesetz gesäit zënter 2024 vir, datt am Fall vun enger Locatioun duerch een Agent immobilier oder engem anere Mëttelsmann d’Kommissioun tëscht Proprietaire a Locataire