Verlängerung vum Chômage

Och wann an der Läscht d’Chômagezuelen erfreelecherweis zeréckginn, ginn et nach dausende Leit, déi dovu betraff sinn an op näischt méi waarden, wéi op eng nei Aarbechtsplaz. All Chômeur ass en Eenzelfall a sollt och als solche gekuckt a behandelt ginn, och wann dat enger grousser Verwaltung net ëmmer liicht fält. 

Mir ass e Fall zu Ouere komm, zu deem ech dem Här Aarbechtsminister gär géif e puer Froe stellen. 

2022 koum e Chômeur an de Genoss vun enger OTI, déi Enn Dezember 2022 ausgelaf ass an aus technesch-administrative Grënn net verlängert konnt ginn. Säin éischten Dossier bei der Adem ass bis Ufanks Februar 2023 gelaf. Hien krut d’Bestätegung, dass en duerno weider Chômage ze gutt hätt, mee dass dofir een neien Dossier misst opgemaach ginn. Bis den 2ten Dossier opgemaach ass, wäert de Chômage fir dësen 2ten Dossier allerdéngs net ausbezuelt ginn. Et kënnt also zu enger Situatioun, wou d’Persoun Chômage accordéiert kritt, op dëst Geld awer muss Wochen oder souguer Méint waarden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wann et kloer ass, datt engem Demandeur d’emploi indemnisé säi Chômage verlängert gëtt, firwat muss da gewaart ginn, datt den 1. Dossier zou ass, éier en 2. Dossier opgemaach gëtt? 

  2. Wéi ka verhënnert ginn, datt déi betraffe Leit an e Lach falen bzw. en akute finanziellen Enkpass riskéieren ze kréien?

  3. Wéi laang ass normalerweis den Delai am Fall vun enger Verlängerung vum Chômage éier d’Indemnisatiounsprozedur erëm uleeft? Wat ass an den Aen vum Minister een akzeptabelen Delai?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7785

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen