Verkéierschaos am Kordall

Wéi d’Fuerer am Kordall an de leschten Deeg bemierkt hunn, sinn aktuell eng Villzuel u Schantjeeën op de Stroossen amgaangen, dorënner am Tunnel Biff (A13) a parallel dozou och nach op der Lénger Strooss (CR111) a Nidderkuerer Strooss (CR175). Dëst huet, zum Beispill de Mëttwoch, zu vill Stau a Waardezäiten gefouert.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Firwat goufen et zäitgläich dräi Schantjeeën op dräi Haaptverkéiersachsen?
  2. Wéi eng Aarbechten goufen op deene jeeweilege Stroossen duerchgefouert?
  3. Gouf sech am Viraus koordinéiert, fir déi 3 Schnatjeeën parallel lafen ze loossen? 
  4. Wéi hunn d’Ponts&Chaussées sech mat der Verantwortleche vun der Gemeng Péiteng koordinnéiert?

CHD

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt