Verkaf vu liewegen Homarden

Hei am Land kritt een op verschiddene Plaze Homarden an anerer Krustendéiere als lieweg Iesswuer ze kafen. D’Homarde gi mat Keefeger um Mieresbuedem gefaangen a verhongeren deelweis an dësen, ier se aus dem Waasser gezu ginn. Homarden sinn schmerzempfindlech Déieren, déi virun allem Hëtzt net verdroen. Trotzdem ginn hinnen nach ëmmer d’Schéieren zesummegebonnen a si gi lieweg a kachend Waasser gehäit. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Autorisatiounen a Pabeiere brauch eng Persoun oder Firma fir de Verkaf vun liewege Déieren am Allgemengen?
    Brauch et eng speziell Autorisatioun fir de Verkaf vun liewege Homarden? 

  2. 1. Wat fir Haltungs-Standarde ginn et bei der Haltung vun Homarden ze respektéieren, vun der Aféierung an eist Land bis zum Verkaf an engem Geschäft oder Restaurant un de Consommateur?
    2. Wat fir Standarden si beim Transport vum Déier bis bei de Consommateur anzehalen?
    3. Sinn d’Ministeren der Meenung, dass dës Standarde genügend sinn?

  3. Wat fir weider Déiere kënnen, wéi den Homard an aner Krustendéieren, als lieweg Iesswuer verkaaft ginn?

  4. Deelen d’Ministeren d’Meenung, dass et net am Sënn vum Déiereschutz ass, fir den Déieren d’Schéieren zesummen ze strécken, se a klengen Aquariumen ze halen, fir se da schlussendlech lieweg a kachend Waasser ze geheien?

  5. Gesinn d’Ministeren hei ee méigleche Konflikt mat der Verankerung vum Déiereschutz an der neier Verfassung souwéi am Déiereschutzgesetz vun 2018?

  6. Wäert de Verkaf vu liewegen Déieren zu Lëtzebuerg weiderhi legal bleiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6110

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen