Verhandlungen tëscht der italieenescher Regierung a SpaceX

 D’Italieenesch Regierung bestätegt, datt si a fortgeschrattene Verhandlunge mat SpaceX ass fir en 1,5 Milliarden Euro Kontrakt iwwer sécher Kommunikatiounsdéngschter. Dëst geschitt zu engem Zäitpunkt wou d’Europäesch Unioun mat hirem IRIS² Projet, deen ënnert anerem vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES als Deel vum SpaceRISE Konsortium ëmgesat gëtt, eng europäesch Alternativ entwéckelt.

Lëtzebuerg huet mat GovSat, enger Joint-Venture tëscht dem Lëtzebuerger Staat an SES, bewisen datt et d’Kompetenz huet fir sécher Satellittekommunikatioun unzebidden. Am Kader vum LuxEOSys Projet besteet och eng Zesummenaarbecht mat OHB Italia, wat weist datt d’Grondlage fir eng méi enk Zesummenaarbecht mat Italien am Weltraumberäich bestinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung iwwer d’Verhandlungen tëscht der italieenescher Regierung a SpaceX informéiert? Falls jo, gouf et dozou Gespréicher op EU-Niveau?

  2. Huet d’Regierung Kontakt mat hiren italieenesche Géigepartner opgeholl fir eng méiglech Alternativ mat SES oder GovSat ze diskutéieren, besonnesch am Kontext vun der Roll vun SES am IRIS² Projet?

  3. Wéi eng Mesuren hëlt d’Regierung fir sécherzestellen, datt europäesch Projeten wéi IRIS² net duerch bilateral Ofkommes mat ausser-europäesche Firmen ënnert Drock gesat ginn?

  4. Gesäit d’Regierung d’Gefor, datt duerch esou Ofkommes d’Kompetitivitéit vun der europäescher Weltraumindustrie, an domat och déi vun der Lëtzebuerger Weltraumindustrie, geschwächt gëtt?

  5. Wéi bewäert d’Regierung d’Méiglechkeet fir d’Zesummenaarbecht tëscht der Lëtzebuerger an der italieenescher Weltraumindustrie weider auszebauen, besonnesch am Kontext vun de besteeënde Projet’en a Kooperatiounen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1732

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen