Verhandlungen tëscht der FLLAM an der CNS

Tëscht der FLLAM (Fédération Luxembourgeoise des Laboratoires d’Analyses Médicales) an der CNS lafen zënter e puer Méint Verhandlungen iwwert d’Revalorisation vun der lettre-clé des laboratoires d’analyses médicales fir d’ Period 2025 bis 2026, sou wéi dat am Artikel 67 vum Code de la Sécurité social virgesinn ass. Den 9ten Oktober hu béid Parteien awer den Echec vun de Verhandlunge festgestallt, soudass de nächste Schrëtt an enger Mediatioun besteet. 
Obwuel den Echec also scho viru méi wéi engem Mount festgestallt gouf, gouf bis elo weder ee Compte rendu vun der Sëtzung erstallt, nach gouf bis elo eng Mediatioun vu Säite vun der CNS ugefrot. D’FLLAM selwer krut vun der IGSS matgedeelt, dass si dës net ufroe kéinten: “En effet, l’IGSS, en tant qu’autorité de surveillance des institutions de sécurité sociale pour le compte du Gouvernement au sens de l’article 409 du CSS, est chargée des relations avec les institutions de sécurité sociale et non directement de celles avec les prestataires de soins”. Fir d’Ufro vun enger Mediatioun gi staatlech Institutiounen also vis-à-vis vu privaten Acteure bevirdeelegt, déi domat an eng méi schwaach Positioun gedréckt an op dësem Wee ënner Drock gesat kënne ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Firwat gouf bis elo vu Säite vun der CNS nach kee Compte rendu vun der Sëtzung vum 9ten Oktober erstallt, obwuel dëst scho wäit méi wéi ee Mount hir ass?
  2. Firwat gouf bis elo vu Säite vun der CNS nach keng Mediatioun ugefrot, obwuel d’Feststellung vum Echec vun de Verhandlunge scho wäit méi wéi ee Mount hir ass?
  3. Ass d’Ministesch der Meenung, dass et dem Prinzip vum Rechtsstaat entsprécht, wa just d’CNS eng Mediatioun kann ufroen, wärend et de privaten Acteuren a Fäll wéi dësem awer net erméiglecht gëtt?
  4. Wat sinn d‘Facteuren, déi d’CNS analyséiert, fir hir Verhandlungspositioun géigeniwwer de Prestataires de santé fest ze leeën? Ginn dës Analyse bei alle Prestataire de santé d’selwecht duerchgefouert, déi eng Konventioun mat der CNS hunn? 
  5. Wat sinn d’Grënn, firwat déi meescht Prestatairen, déi souwuel eng Croissance vun der Aktivitéit wéi och e Benefice tëscht de Joren 2021 an 2023 verschreiwen, eng Hausse bei hire Verhandlunge kréien? Ginn d’Leeschtunge vun dëse Prestatairen als méi wichteg ugesinn?
  6. Ass d’Ministesch net der Meenung, dass esou e Virgoen d’Positioun vun de privaten Acteuren am Kader vu Verhandlunge mat der CNS schwächt, well dës domat Drock ausübe kann, fir éischter eng Léisung ze fannen, déi méi en faveur vun der CNS ass?
  7. An der Äntwert op déi mëndlech Fro n°141 vum 13te November 2024 huet d’Ministesch gesot, dass de Grond fir d’Verhandlungsmandat vun 0 Prozent vun der CNS dorop zréck ze féiere wieren, dass bei der CNS misste Suen agespuert ginn an de Choix och op d’Labosanalysen gefall wieren, well hei d'”Consommatioun” ze héich wier, an d’CNS sech net capabel gesäit, dëse Käschtepunkt am Grëff ze halen.Ass d’Ministesch der Meenung, dass duerch dës Verhandlungspositioun Sue bei der CNS agespuert kënne ginn, ouni dass d’Qualitéit vun den Analysen a vum Service fir d’Patient:innen méi schlecht gëtt?
  8. Labosanalysen erlaben et ënnert anerem fir gesondheetlech Problemer ze analyséieren, d’Wirksamkeet vun Traitementer ze iwwerpréiwen an präventiv d’Verschlëmmerung vun méiglechen Krankheeten ze verhënneren.Ass d’Ministesch net der Meenung, dass d’Croissance vun de Labosanalysen, déi vun der CNS konstatéiert gëtt, vum gesondheetleche Besoin vun de Versécherten ofhänkt?

Zesummenhang posts

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research
Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun