Firwat hänken d’Verhandlunge ronderëm de Remboursement vun der Psychotherapie?

D’Verhandlunge ronderëm de geplangte Remboursement vun der Psychotherapie duerch d’Krankekeesen hale weider un. Ëmmer nees gi vun de Ministeren nei Datumer genannt, un deenen sech d’Verhandlungsparteie wäerten zesummesetzen, fir e finalen Accord ze fannen, mee bis elo ouni Resultat. Dobäi ass d’Urgence grouss a vill Patiente waarde säit Joren op d’Méiglechkeet, dass d’Käschte vun der Psychotherapie vun de Keesen iwwerholl ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini waren déi lescht Verhandlungen an dësem Dossier?

  2. Wat ass den aktuelle Stand vun de Verhandlungen?
    Firwat gëtt keen Accord fonnt?
    Wéi gesinn déi aktuell Positioune vun de Verhandlungsparteien aus a wisou loossen sech dës net vereenegen?

  3. Wéi eng Pisten huet d’Regierung an de vergaangenen 12 Méint probéiert, fir een Accord z’erreechen?

  4. Wat gedenkt d’Regierung an Zukunft ze maachen, fir den Dossier net nach weider laang Joren onclôturéiert ze loossen?

  5. Ass d’Regierung der Meenung, dass fräischaffend Psychotherapeute mat Praxissen, déi dezentral iwwert d’Land verdeelt sinn, en essentielle Pilier vun der medezinescher Prise en charge am Beräich vun der Santé mentale duerstellen?
    Oder gesäit d’Regierung de Fokus vun hirer Gesondheetspolitik hei éischter bei Behandlungen duerch Psychotherapeuten an zentrale Strukture wéi z.B. Spideeler?
    Wéi beaflosst dës Approche zu engem éischter zentraliséierten oder dezentraliséierte System d’Verhandlunge ronderëm de geplangte Remboursement vun der Psychotherapie?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6125

Äntwert

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt