Vergewaltegungen zu Lëtzebuerg

Den däitsche Grupp vu Journalisten STRG_F (Suchen und finden) huet bei eegene Recherchen op Telegram schockéierend Gruppe fonnt, wou sech doriwwer ausgetosch gëtt, wéi ee Frae betäuben a vergewaltege kann. 

Et ginn Dokumentatioune vu Fotoen, Videoen an och Guiden, wéi een esou Mëttel hierstelle kann. Géigesäiteg stachelen sech d’Useren an deene Gruppen un a bidden och hir eege Frae fir esou Strofdoten un. An de Recherchë sinn d’Journalisten dobäi och op e sougenannt K.O.-Mëttel getraff, wat als Mëttel fir d’Hoerfleeg getarnt gëtt, awer Substanze wéi Medetomidin, Flualprazolam oder och Scopolamin enthält. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère Kenntnis vun dëse Virgäng a ginn et spezifesch Konsequenzen zu Lëtzebuerg wat Sensibiliséierung, Kontroll an och de Suivi vun dëse Virgäng ugeet ? 

  2. Wéi huet sech d’Unzuel u Vergewaltegungen an de leschte 5 Joren entwéckelt? 

  3. Ginn et Informatiounen oder Estimatiounen zu der Donkelziffer bei de Vergewaltegungen? 

  4. Sinn et an de leschte 5 Joer Fäll vun net legale Betäubungen ginn, déi der Police gemellt goufen? Falls jo, wéi huet sech dës Zuel entwéckelt ? 

  5. Op Nofro beim däitsche Justizministère gëtt erkläert, dass d’Betäubungen an déi uschléissend Vergewaltegunge Strofdote sinn. D’Strofgesetz an Däitschland (Artikel 131) gesäit och Prisongsstrofen vir, wann eng Persoun “einen Inhalt […], der grausame oder sonst unmenschliche Gewalttätigkeiten gegen Menschen oder menschenähnliche Wesen in einer Art schildert, die eine Verherrlichung oder Verharmlosung solcher Gewalttätigkeiten ausdrückt oder die das Grausame oder Unmenschliche des Vorgangs in einer die Menschenwürde verletzenden Weise darstellt[…].”

    Zur grousser Erstaunung erkläert den däitsche Justizministère awer, dass de Besëtz an d‘Deele vu Vergewaltegungsvideoen keng Strofdoten wieren. Et ass och net geplangt, fir dëst z’änneren. 

    Ass de Besëtz an d’Deele vun den uewe beschriwwene Videoen zu Lëtzebuerg strofbar? Falls net, ass geplangt dëst ze änneren ? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1823

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene