Verfeelten Akafspolitik: Ministère blockéiert den Asaz vum medezinesche Cannabis

D’Gesondheetsministesch hat an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Pirate gesot, dass een neie Fournisseur fir medezinesche Cannabis fonnt ginn ass. Leider wäerten déi bestallte Quantitéiten, wéi sech elo gewisen huet, awer definitiv net duergoen, fir all d’Patiente bis d’nächst Joer ze versuergen. D’Patiente kënne soumat weiderhin net mat hiren dréngend néidegen Traitementer weiderfueren. Fir d’Piraten ass dësen Ëmstand absolut net acceptabel a mir fuerderen, dass de Gesondheetsministère schnellstméiglech méi héisch Quantitéiten u Planzen an Ueleg nobestellt.

Detailer zum néie Fournisseur an zu de Liwwerunge vu medezineschem Cannabis hat d’Ministesch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun eis genannt: Déi däitsch Néierloossung vum weltwäit gréisste medezineschen-Cannabis-Produzent huet all d’Konditioune vun der Ausschreiwung erfëllt a laut Ministère ass eng éischt Liwwerung fir Enn September virgesinn.

Dat huet sech no gudden Noriichten unhéieren – bis een da gewuer gouf, wéi vill Cannabis tatsächlech bestallt gouf. Fir déi lescht 3 Méint vum Joer goufen elo 30 Kilogramm bestallt, obwuel gewosst ass, dass an deenen éischte 4 Méint vum Joer zu Lëtzebuerg 70 Kilogramm medezinesche Cannabis verschriwwe goufen.

Den Deputéierte Sven Clement vun de Pirate seet dozou:

“Elo waren dës Leit schonn een halleft Joer drop, dass si endlech erëm kënnen hiert Medikament huelen. Een halleft Joer an deem si hu mussen op Schmerzmëttel, déi jo awer schwéier Niewewierkunge kënnen hunn, zréckgräifen. Firwat goufen elo net méi grouss Quantitéite bestallt? Ware mer ze spéit un fir méi eng grouss Commande ze maachen oder wollt hei ee Sue spueren? Esou oder esou ass et eng fahrlässeg Decisioun, déi groussen Afloss op d’Gesondheet vun de Betraffene kann hunn.”


D’Pirate fuerderen, dass de Ministère direkt weider Planzen an Ueleg nobestellt, esou dass all Patient ka sécher sinn, dass e säin Traitement ouni weider Ënnerbriechung ka fortféieren. Mir dierfen net an eng Situatioun vun engem Rush op d’Apdikte kommen, bei deem déi geréng Quantitéiten, déi nach do sinn, dann nom Prinzip first come first serve verdeelt ginn.

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023