Verdéngschtsystem bei der Police

Am Lëtzebuerger Wort Artikel “Fragwürdige Vorgänge in der Bahnhofswache” a laut Recherche vun der Zeitung Quotidien gëtt et an dem Kommissariat op der Gare ee Verdéngschtsystem no deem jonk Polizist:innen sech fir d’éischt emol beweise mussen, ier se vun hire Superieure respektéiert ginn. D’géif ee bei Minus 10 Punkten ufänken a misst sech da mat “mutigen Taten” de Respekt vun anere verdéngen esou d’Recherchen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

Huet de Minister Kenntnis iwwert esou Praktiken?
Wa jo, wat wëll en géint dës ënnerhuelen?
Falls nee, wei konnt esou eppes onentdeckt bleiwen?
Falls nee, wäert en de Resultater vun de Recherche vun de Journalisten nogoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8249

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen